Fest um Mamerhaff: 06.10.2019


PHOTO-2019-09-16-21-35-06

Fest um Mamerhaff

Mir feiere Pappendag an d’Aweiung vun eiser Spillplaz um Mamerhaff :

 De 6. Oktober 2019 vun 11:00 – 18:00 

WAT ASS ALLES LASS ? 

  • 11:00 : Kannerliesung mam Christiane KREMER mat uschléissendem Kreativatelier
  • 14:00 : Aweiung vun der Spillplaz mat klengem Input zum Thema „Spille beim Kand“
  • 15:00 : Achtsamkeetsatelier mam Dunja GRUNOW: déi 5 Grondkompetenzen
  • 16:00 : klengen Input zu der Roll vum Papp

 

AN:

de ganzen Dag Ateliere fir d’Kanner zesumme mat hire Pappen

Iessen an Drénken

Bengelsbrout a Marshmallows

Bicherdësch

 

Léiert de Mamerhaff a seng Aktivitéite kennen. D’Kanner spillen! Mir feieren! Feiert mat eis!

All Recette fléissen an de Solidaritéitsfong, hëllefen der A.s.b.l., Aktivitéite kënnen unzebidden oder néidegt Material unzeschafen.

Mir freeën eis, d’Equipe vum Mamerhaff an Zesummenaarbecht mat familylab.lu an als speziell Ënnerstëtzung d’Jugendhaus Mamer.

Flyer Fest um Mamerhaff

Guardar

Share :
Related Posts