Weiderbildung

Fir Elteren, Professioneller an Interesséierter

Eis Equipe bitt regelméisseg Formatiounen a Form vu Konferenzen a Workshopen un a riicht sech un Elteren a Professioneller, souwéi un all déi, déi interesséiert sinn.

FAMILYLAB LËTZEBUERG

Familylab Lëtzebuerg bitt Formatiounen op Mooss fir Schoulen, Maison Relais’en, Crèchen, Kannerheemer, Dageselteren an och fir Entreprisen un. Mat Fokus op zwëschemënschlech Bezéiungen an op der Basis vun de 4 Wäerter, déi vum Jesper Juul formuléiert gi sinn – Gläichwierdegkeet, Integritéit, Verantwortung an Authentizitéit – kënnen d’Weiderbildungen souwuel am Mamerhaff wéi och ausserhalb stattfannen.

Méiglich Themen:
www.familylab.lu

VIRBEREEDUNG OP D’ELTEREGINN A BEGLEEDUNG AN DER EISCHTER ZÄIT NO DER GEBUERT

Op der Basis vun den Erkenntnisser aus der pränataler Psychologie a vun de wichtegsten Bindungstheorien, gi Workshope fir zukünfteg Elteren, organiséiert, déi d’Ënnerstëtzen vun der Eltere-Kand-Bindung als éischt Ziel verfollegen. Donieft ginn Themen wéi Nieren, Droen a Schlofen ugeschwat. Mir freeën eis op all geäusserte Wonsch a lueden och gären Referente vu baussen an.

Aktuell Angeboter fann dir an eiser Rubrik: Veranstaltungen