ENTWECKLUNG VUN DER IDEE
Wou mir fënnef am psycho-pädagogesche Beräich forméierte Fraen a Mammen eis 2013 déi éischte Kéier zesummegesat hunn, war séier kloer :
Mir wollten eis selbstänneg maachen, fir eppes Neies, Zäitgeméisses ze erschafen, fir ons eegen Ideeën an eppes Konkretem festzehalen an ausüben ze kënnen. Ausserdeem wollte mir eise Liewensmodell so gestalten, wéi et eise Grondwäerter am meeschten entsprécht.
Mir hunn eis de lëtzebuergesch psycho-sozio-pädagogesch Servicer ugekuckt a sinn an eisem Gefill bestäerkt ginn, dass dat, wat mir virhaten, an dëser Form zu Lëtzebuerg nach net ze fanne war.
No zwee Joer intensivem Plangen a regelméissegen Treffen konnte mir am Oktober 2015 de Veräin « Mamerhaff a.s.b.l. » grënnen. Eisen zukünftege Standuert war zu deem Zäitpunkt och schonn erausgesicht : d’ökologesch Sanéierung mat nohaltegen an héichwäertege Materialien vum ale Bauerenhaff « an Iewerts » zu Mamer war voll am Gaang. D’offiziell Erëffnung vum Mamerhaff fënnt am Januar 2017 statt, wann all Aarbechten um Gebai ofgeschloss sinn.