LEITBILD

BEZEIUNG ALS GRONDLAG

D’Aarbecht um Mamerhaff grënnt op engem theoretesche Fundament, dat een am Leitbild vum Veräin erëmfënnt. D’Ideeën vu villen ënnerschiddlechen an unerkannte Schrëftsteller stëmme mat deene vun de Grënnerinne vum Mamerhaff iwwerteneen an fungéieren als theoretesch Grondlag.

 

D’Aarbecht um Mamerhaff stëtzt sech op e Wäertefundament, dat aus de 4 Wäerter vum Jesper Juul, dänesche Pädagog a Familljentherapeut – Authentizitéit, Gläichwierdegkeet, Verantwortung an Integritéit – besteet. D’Zilsetzungen « vum Gehorsam zur Verantwortung », d’Unerkennung vum Kand als kompetent Wiesen vu Gebuert un, wéi och d’Iwwerdroe vun de 4 Wäerter vum Elterenhaus op d’Schoulen, Betreiungs- an sozial Ariichtungen, hale mir fir erstriewenswäert. An dësem Sënn war et just e weidere Schrëtt, fir dat vum Jesper Juul gegrënnte Format « Familylab international » als « familylab.lu » an de Mamerhaff ze integréieren.

E weidere wichtege Weeweiser fir eis Aarbecht fanne mir am Kannerdokter, Wëssenschaftler a Schrëftsteller Dr. Herbert Renz-Polster. A sengem Buch « Kinder verstehen » stinn d’Kanner am Mëttelpunkt an hien erkläert hiert Denken, Fillen an Handelen andeems hien den evolutionären Hannergrond a seng Reflexiounen mat abezitt (Renz-Polster, 2015).

 

 

Mir schléissen eis dem Dr. Herbert Renz-Polster un, wann hie schreift, dass virun allem d’Fundamentalkompetenzen, déi d’Kanner entwéckele mussen – Steierung vum Ech, sozial Kompetenz, Resilienz a Kreativitéit – ënner anerem Grondlag vun enger staarker an eegestänneger Perséinlechkeet, didaktesch net vermëttelbar sinn an nëmmen duerch Eegenerfarunge vum Kand entwéckelt kënne ginn. Eegenerfarungen erfuerderen Courage, deen d’Kand nëmmen opbrénge kann, wa schützend Bezéiungen dëse Prozess begleeden (Renz-Polster, 2014). Den Opbau vun dëse Fundamentalkompetenzen kann also nëmme beschtméiglech geschéien, wann e Kand eng sécher Bindung zu senge Bezuchspersounen opgebaut huet, déi et him erlaabt, seng Ëmwelt selbstänneg ze entdecken, nei Erfarungen op natierlech Aart a Weis ze sammelen an op allen Niveauen ze wuessen.

An dësem Sënn inspiréiert eis de Plädoyer vum Renz-Polster fir eng selwer gestalten fräi Kandheet a léist sech mam Opruff « Bezéiungskonzepter statt Bildungskonzepter » resuméieren (Renz-Polster, 2014, S.216). Fir eise Bléck op d’Mënsche spillt d’Bindungstheorie als Grondlagentheorie eng iwwergeuerdent Roll. D’Verbanne vun enger evolutionärer Perspektiv mat der klassescher Bindungstheorie bréngt eis um Mamerhaff zu eng bindungs- a bedürfnisorientéiert Siichtweis. Kanner duerch Wuerzelen zu Flilleken verhëllefen, fanne mir eng wäertvoll Sicht- an Handlungsweis fir ons als Erwuessenen.

Usätz, Initiativen a Konzepter wéi d’« Art-gerecht-Projekt », d’« Attachment Parenting », d’Co-Working Konzept « Rockzipfel », souwéi dem Gerald Hüther seng « Schulen der Zukunft » oder dem Peter Mortensens seng « neue Führungskompetenz », awer och bindungs- a bedürfnisorientéiert Konzepter fir Crèchen an ausserschoulesch Betreiungsstrukturen interesséieren eis a mir diskutéieren se zesummen.

Mir zielen eis zum Grupp vun den « Mompreneurs ». Froen zur Vereenbarkeet vu Famill a Beruff, wéi och d’Realiséierbarkeet vun engem perséinlechen Liewens- a Familljemodell stinn permanent am Zentrum vun eisen Iwwerleeungen.

Bibliographie

Ahnert, L. (Hrsg.) (2014). Frühe Bindung. Entstehung und Entwicklung.
München: Reinhardt.


Juul, J. (2012). Familienberatung. Perspektiven und Prozess.
München: edition + plus.


Juul, J. (2013). Dein kompetentes Kind. Auf dem Weg zu einer neuen Wertegrundlage für die ganze Familie.
Reinbek bei Hamburg: Rowohlt Taschenbuch Verlag.


Juul, J. (2014). Werte, die Kinder ein Leben lang tragen.
München: GRÄFE UND UNZER ERLAG GmbH.

Juul, J., Jensen, H. (2002). Vom Gehorsam zur Verantwortung. Für eine neue Erziehungskultur.
Weinheim und Basel: Beltz Verlag.


Renz-Polster, H. (2014). Die Kindheit ist unantastbar.
Weinheim: Beltz Verlag.


Renz-Polster, H. (2015). Kinder verstehen. Born to be wild. Wie die Evolution unsere Kinder prägt. (6.Aufl.).
München: Kösel-Verlag.


Voelchert, M. (o.D.). Trennung in Liebe, Partnerschaft in Liebe.
München: Mathias Voelchert GmbH.