TEAM

Lizzie Seven
Diplompsychologin und Psychotherapeutin
Lizzie Seven

De 26. Abrëll 1980 gebuer, Diplompsychologin a Psychotherapeutin, Presidentin vun der Mamerhaff a.s.b.l., zertifiéiert Familylab Seminarleederin a Familljeberoderin, wéi och Bindungsanalytikerin. Säit 2008 an der eegener Praxis schaffend, vun 2007 bis 2016 hallefdaags an enger ambulanter Gruppentherapieariichtung fir Erwuessener mat spezifeschen emotionale Stéierungen am Centre Hospitalier de Luxembourg ugestallt. Mamm vun zwee Jongen, gebuer am Februar 2011 an März 2013.

Tel : +352 621 784 233

l.seven[at]mamerhaff.lu

Susi Seven
Kunstpädagogin und Sonderpädagogin M.A.
Susi Seven

Den 13. November 1981 gebuer, Konschtpädagogin a Sonderpädagogin M.A., Grënnungsmember vun der Mamerhaff a.s.b.l., zertifiéiert Familylab Seminarleederin a Familljeberoderin. Schafft hallefdaags an der Education différenciée am Beräich vun der Berodung an Diagnostik fir Elteren, Kanner a Léierpersonal aus der Grondschoul. Mamm vun 2 Meedercher, gebuer am Oktober 2013 a Februar 2016.

 

s.seven[at]mamerhaff.lu

Jacqueline Di Ronco
Diplompsychologin
Jacqueline Di Ronco

Den 11. Februar 1979 gebuer, Diplompsychologin, Vize-Presidentin vun der Mamerhaff a.s.b.l., Lännerleederin vu Familylab.lu, zertifiéiert Seminarleederin a Familljeberoderin. Vergaangen Tätegkeeten mat Schwéierpunkt an der Aarbecht mat Jugendlechen, jonken Erwuessenen an Familljen, am Service de Psychologie et d’Orientation scolaires, am Schoulinternat vum Lycée technique Hôtelier Alexis Heck, am Centre de Psychologie et d’orientation scolaires a spéider am Centre socio-éducatif de l’Etat Dreibuer/Schrasseg. Mamm vun 2 Jongen, gebuer am November 2010 an am Juli 2012.

 

Tel : +352 621 732 296

j.dironco[at]mamerhaff.lu

Monique Brachtenbach
Sozialpädagogin (FH) und Diplompsychologin
Monique Brachtenbach

Gebuer de 7. Juli 1979, Sozialpädagogin (FH) an Diplompsychologin, Sekretärin a Tresorier vun der Mamerhaff a.s.b.l., zertifiéiert Familylab Seminarleederin a Familljeberoderin. Schafft hallefdaags an der Grondschoul a betreit Kanner mat spezifesche Bedürfnisser am emotionalen an soziale Beräich. Weider berufflech Erfarungen an der Betreiung vu Mënsche mat kierperlecher an/oder geeschteger Behënnerung. Mamm vun 2 Jongen an engem Meedchen.

 

m.brachtenbach[at]mamerhaff.lu

Muriel Scharffenorth
Erzéierin
Muriel Scharffenorth

De 15. September 1980 gebuer, Erzéierin, Grënnungsmember vun der Mamerhaff a.s.b.l., zertifiéiert Familylab Seminarleederin a Familljeberoderin. Schafft als Léierin an der Waldorfschoul. Weider berufflech Erfarungen an der Betreiung vu Mënschen mat kierperlecher an/oder geeschteger Behënnerung. Mamm vun 3 Jongen.

 

m.scharffenorth[at]mamerhaff.lu

Das Team
Das Team