Mathëllefen

Wéi kënnt dir de Mamerhaff ënnerstëtzen ?

All Ënnerstëtzung vum Mamerhaff ass wëllkomm an noutwendeg, fir der Asbl hier Ideeën ëmzesetzen. Folgend Méiglechkeeten stinn Iech zur Auswiel :

Member ginn

Wann dir regelméisseg iwwer eis Aktivitéiten wëllt informéiert ginn an um Geschéien um Mamerhaff deelhuele wëllt, begréisse mir Iech gären als Member. Dëst kënnt dir duerch eng jäerlech Iwwerweisung vu mindestens 10 Euro op de Kont vun der Mamerhaff asbl ginn.

"Patenschaft"

An eise Berodungs- an Therapieservicer kënnt dir Famillen an/oder eenzel Persounen ënnerstëtzen, déi d’Käschten net oder nëmmen deelweis droe kënnen. Doduerch dass dir an e Fong abezuelt, iwwerhuelt dir een Deel vun de Käschten an des Famillen kënne vun eisen Servicer profitéieren.

Geldspenden

Mat äre Spende kënne mir konkret Projeten vum Mamerhaff verwierklechen, hëllefsbedürfteg Persounen a Famillen ënnerstëtzen, de Mamerhaff mat Liewe fëllen.

Sech engagéieren

Wëllt dir Iech gären als Mënsch an d’Geschéien um Mamerhaff abréngen a benevole bei Aktivitéiten mathëllefen, da kënnt dir Iech gären un eis wenden.

ËNNERSTËTZT EISE PROJET

CCRA – LU55 0099 7800 0050 0595