Psychologesch Berodung an Therapie

Psychologesch Begleedung

Dëse Beräich riicht sech un all Persounen, déi sech an enger schwiereger Liewenssituatioun befannen an Hëllef vun ausgebilten Psychologen a Psychotherapeuten an Usproch huele wëllen. Eng schwiereg Liewenssituatioun kann z.B. duerch punktuell traumatesch Erfahrungen, bei tëschemënschleche Konflikter, bei konkreten Ängschten oder duerch belaaschtend Kandheetserliefnisser, entstoen.

Fir d’Behandlung kënnen zousätzlech ënnerschiddlech therapeutesch Verfahre genotzt ginn, déi sech laut wëssenschaftlecher Etuden bewäert hunn.

KOGNITIV VERHALENSTHERAPIE

 

Des kuerzzäiteg Therapie sëtzt am Hei an Elo un an huet sech virun allem an der Behandlung vun Angschtstéierungen bewährt. Dobäi gëtt um Niveau vum Verhalen a vun de Gedanken ugesat, fir sou e gënschtegen Afloss op d’Emotiounen ze hunn. Et gi gezielt Strategie fir d’Reguléierung vun den Emotiounen vermëttelt, an et gëtt versicht, kognitive Verzerrungen entgéint ze wierken. 

TRAUMATHERAPIE
MIT EMDR

EYE MOVEMENT DESENSITIZATION
AND REPROCESSING

Mat dëser Behandlung sollen onveraarbecht traumatesch Erliefnisser, déi villfälteg psychesch Stéierungen als Folleg kënnen hunn, geléist ginn.

Duerch déi bilateral Stimulatioun mat der Hëllef vu bestëmmten Aabewegungen gëtt ugeholl, dass op dësem Wee eng Integratioun vun der Traumaerfahrung erméiglecht gëtt.

TECHNIQUE D’IDENTIFICATION DES PEURS INCONSCIENTES

LUC NICON

Des Method ka bei all méiglechen emotionale Stéierungen ugewannt ginn. Dobäi gëtt e strukturéierte roude Fuedem benotzt, deen d’Persoun duerch déi eenzel Schrëtt féiert. Hei geet et virun allem dorëm, dat kierperlecht Empfanne sech selwer formuléieren a veränneren ze loossen.

HYPNOSE ERICKSONNIENNE

D’Hypnose nom Erickson schafft op der onbewussten Ebene, dat heescht, dass de Client an ee verännerten Bewosstsinnszoustand, och Trance genannt, bruecht gëtt. D’Hypnose léist sech ganz villfälteg asetzen, z.B. bei Phobien, Ängschten, der Veraarbechtung vun traumateschen Erliefnisser, Verloschter, bei der Anästhesie, bei Gewiichtsreduktioun oder fir Steigerung vun der eegener Leeschtungsfäegkeet.

D’BINDUNGSANALYSE

Nom J. RAFFAI UND G. HIDAS

D’Bindungsanalyse ass eng Method fir Förderung vun der pränataler Mamm-Kand Bindung. (Flyer).